National Plattform fir d’Reduktioun vu Katastroferisikoen

Fir d’Gouvernance am Beräich vun der Reduktioun vu Katastroferisikoen ze verstäerken, huet den Inneministère eng national Plattform ageriicht. Déi schreift sech an d'Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen an, méi speziell an den Aktiounskader vu Sendai, deen eng wesentlech Reduktioun vun de Katastroferisikoen zum Zil huet.

D’Plattform gëtt vum Fokalisatiounspunkt koordinéiert, deen op nationalem Plang mam Implementéiere vum Aktiounskader vu Sendai befaasst ass an d’Relatioune mam Büro vun de Vereenten Natioune fir d’Reduktioun vu Katastroferisikoe géréiert.

Den Aktiounskader vu Sendai

Bei der 3. Weltkonferenz vun de Vereenten Natiounen iwwert d’Reduktioun vu Katastroferisikoen, 2015 zu Sendai, ugeholl, schreift sech den Aktiounskader vu Sendai an d’Weiderféiere vum Aktiounskader vun Hyogo an, an definéiert zanterhier eng Weltstrategie a Saache Reduktioun vu Katastroferisikoen. Den Aktiounskader vu Sendai setzt sech eng zolitt Reduktioun vu Perten a Risikoen zum Zil, andeems appropriéiert Moossnamen a verschiddene Beräicher (ë.a. am ekonomeschen, strukturellen, institutionellen, sozialen, juristeschen, gesondheetlechen) geholl ginn, fir Katastrofe souwäit wéi méiglech ze verhënneren, dem Aussetze vu Risikoen zevirzekommen an d’Vulnerabilitéit vu Populatiounen ze reduzéieren, duerch eng besser Préventioun, Virbereedung a Reaktioun op Katastrofen an andeems och d’Neesopriichten no enger Katastrof a Betruecht gezu gëtt.

Den Aktiounskader vu Sendai applizéiert sech op kleng oder grouss Katastroferisikoen, heefeger oder selener, plëtzlecher oder därer, déi sech laang entwéckelen, déi duerch natierlech Risikoen oder de Mënsch veruersaacht ginn oder un Ëmwelt-, Technologie- oder Biologierisikoen hänken. En huet zum Zil, d’Gestioun vu Katastroferisikoen op allen Niveauen an an alle Secteuren z‘orientéieren.

Den Aktiounskader definéiert 4 Prioritéiten:

  1. d’Katastroferisikoe verstoen;
  2. d’Gouvernance vun de Katastroferisikoen verstäerken, fir se besser ze géréieren;
  3. an d’Reduktioun vu Katastroferisikoen investéieren, mam Zil vun der Resilienz;
  4. d’Virbereedung op Katastrofen verstäerken, fir op eng effikass Manéier z’intervenéieren.

Dozou komme 7 Weltziler:

  • d’Stierflechkeet, déi op Katastrofen zréckzeféieren ass, däitlech reduzéieren, op Weltniveau a bis 2030;
  • d’Zuel vu Persounen, déi vu Katastrofe getraff ginn, däitlech reduzéieren, bis 2030;
  • déi direkt ekonomesch Verloschter, déi op Katastrofen zréckzeféiere sinn, am Verhältnis zum Bruttoinlandprodukt reduzéieren, bis 2030;
  • d’Stéiere vun de Basisservicer an d’Schied duerch Katastrofen u wesentlechen Infrastrukturen, Gesondheets- an Enseignementsetablissementer mat agerechent, däitlech reduzéieren, bis 2030, ë.a. andeems hir Resilienz verstäerkt gëtt;
  • d’Zuel vu Länner, déi national a lokal Strategien hu vu Reduktioun vu Katastroferisikoen, däitlech erhéijen, bis 2030;
  • d’international Zesummenaarbecht mat Entwécklungslänner kloer verbesseren, bis 2030, andeems si eng appropriéiert a permanent Hëllef geliwwert kréien, fir hir Aktioun op nationalem Plang ze complétéieren;
  • den Zougank vu Populatiounen zu séiere Warnsystemer an zu Informatiounen am Zesummenhank mat Katastroferisikoe kloer verbesseren, bis 2030.

D’Reduktioun vu Katastroferisikoen

D’Reduktioun vu Katastroferisikoen huet als Zil, dem Schafe vun neie Risikoen zevirzekommen, d’Katastroferisikoen ze reduzéieren an de residuelle Risiko ze géréieren. All dës Aktiounen droen dozou bäi, d’Resilienz ze verstäerken an d’Objektiver vun der nohalteger Entwécklung z’erreechen.

 

De Katastroferisiko definéiert sech duerch de potenzielle Verloscht vu Liewen, Blessuren, beschiedegt oder zerstéiert Verméigen, déi e System, eng Gesellschaft oder eng Gemeinschaft eng Zäit laang impaktéiere kéinten.De Katastroferisiko definéiert sech duerch de potenzielle Verloscht vu Liewen, Blessuren, beschiedegt oder zerstéiert Verméigen, déi e System, eng Gesellschaft oder eng Gemeinschaft eng Zäit laang impaktéiere kéinten.

 

D’Aarbechten am Kader vun der Reduktioun vu Katastroferisikoe baséieren op enger ganzheetlecher Approche, déi d’Vulnerabilitéite vun enger Gesellschaft an d’systemesch Natur vu Risikoen a Betruecht zitt. E Basisprinzip vun der Risikogestioun ass deen, dass se net reaktiv däerf sinn, mä éischter anticipativ, andeems en Aarbechtsprozess vu 4 Phase geschafe gëtt: Préventioun, Virbereedung, Dringlechkeetsäntwert a Rehabilitatiouns- an Erëmopbauphas.

D’Plattform

D’national Plattform fir d’Reduktioun vu Katastroferisikoe stellt en neien nohaltege Réseau duer, deen zu engem reegelméissegen Echange, zum Zesummeleeë vun Informatiounen an zur Koordinatioun vun Initiativen aus verschiddene Kompetenzberäicher féiere soll, fir eng interdisziplinär, inklusiv an anticipativ Risikogestioun ze garantéieren. Si besteet aus dem nationale Fokalisatiounspunkt, engem interministerielle Comité an aus Aarbechtsgruppe mat Expären.

Den interministerielle Comité, presidéiert vum Fokalisatiounspunkt, setzt sech aus Leit aus alle Ministèren zesummen an erlaabt et, eng global an transversal Vue aus alle Beräicher ze kréien, déi vun der Risikoreduktioun betraff sinn.

Missioun

D’Plattform huet als Missioun, en nohaltege Réseau ze schafen a bäizebehalen, en vue vun enger interdisziplinärer, inklusiver an anticipativer Risikogestioun a -reduktioun.

Visioun

«E resilient Lëtzebuerg, op allen Niveauen, vum Bierger bei d’Gemengen, vun de Betriber bei d’Ekonomie, bis bei d’staatlech Autoritéiten.»

Objektiver

  1. Gouvernance: se verstäerken duerch d’Schafe vun engem nohaltegen an inklusiven institutionelle Kader;
  2. Risikoen: déi aktuell identifizéieren, analyséieren a kartografiéieren, a kommender anticipéieren;
  3. Donnéeën: hiren Austausch an dee vu Wëssen a gudde Praktike stimuléieren;
  4. Vulnerabilitéit: se identifizéieren a reduzéieren, op verschiddenen Niveauen (individuell, lokal, national).