Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 73 Resultater
  1. Nom Schued deen den Orkan Beryl an der Karibik am ugangs Juli hannerlooss huet, huet Lëtzebuerg der internationaler Hëllefsufro vum Bureau de la coordination des affaires humanitaires des Nations unies (OCHA) zougestëmmt, fir déi betraffe Bevëlkerungen vun den Inselen Grenada a St. Vincent an d'Grenadinnen z'ënnerstëtzen.

  2. Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.

  3. Ee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz, nodeem d'Bewunner vun engem Gebai verflicht sinn en Dampmelder an de Fluchtweeër an an de Schlofkummeren z'installéieren, erënnert den Inneminister Léon Gloden nach eemol un d'Wichtegkeet vun dëser Moossnam: "Duerch dësen techneschen Tool kann e méigleche Brand sou fréi wéi méiglech detektéiert ginn. En ass zougänglech, a kann all Betraffene warnen a schützen."

  4. Am Kader vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken, déi vum Inneministère geleet gëtt, huet den Aarbechtsgrupp "Vegetatiouns- a Bëschbränn", deen aus Experte vun de verschiddene kompetenten Autoritéite besteet, Verhalensreegelen opgestallt, déi wärend der Vegetatiouns- a Bëschbrandsaison anzehale sinn.

  5. Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 1. Mee 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sireenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.

  1. 1
  2. 2
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. Lescht Säit