Dossieren

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 17 Resultater
  1. D’Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren hunn e Recht op politesche Congé fir déi Stonnen, déi si fir den Exercice vun hirem politesche Mandat opbréngen. D'Recht op politesche Congé baséiert op den Artikelen 78 bis 81 vum ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988.

  2. An de leschte Joren ass, op Grond vun den Entwécklungen um Wunnengsmaart a vun der Sich no méi nohaltege Liewensformen, e Wunnengstyp opkomm, deen et bis dohin zu Lëtzebuerg net gouf: déi sougenannt Tiny Haiser.

  3. Lëtzebuerg ass en eenheetlecht Land, dat just een Niveau vun territorialer Dezentralisatioun kennt - d’Gemenge stellen déi eenzeg dezentraliséiert territorial Kollektivitéiten duer an huelen op lokalem Plang eng wesentlech Plaz am politeschen, ekonomeschen, sozialen a kulturelle Liewen an. Si musse sech konstant un d’Erausfuerderunge vun enger moderner Gesellschaft upassen.

  4. D’Gemengerotsmembere ginn direkt gewielt, all 6 Joer, duerch d’Wieler aus der Gemeng. All Gemeng huet e Gemengerot, aus deem de Schäfferot ervirgeet, d’Exekutivorgan vun der Gemeng.

  5. De Plan d’aménagement général (PAG), och nach "Allgemenge Bebauungsplang", ass en Ensembel vu grafeschen a schrëftleche Virschrëfte mat reeglementareschem Charakter, déi sech géigesäiteg completéieren an de ganze Gemengenterritoire ofdecken, dee se a verschidden Zonen opdeelen, fir déi se d’Buedemnotzung festhalen.

  6. Déi aktuell Grondsteier zu Lëtzebuerg staamt aus den 1930er Joren. Hir Reform ass zanter Joren Deel vun de politeschen Diskussiounen. D’Reform vum IFON ass e Schlësselelement aus dem Moossnamepak fir d’Lutte géint d’wuessend Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, deen d’Regierung zesumme mat der Aféierung vun enger Mobiliséierungssteier vun Terrainen a vun enger Leerstandssteier op Wunnenge virgeluegt huet.

  7. D’Bestietnes oder de PACS ass eent vun de Schlësselerliefnisser am Liewe vun engem Mënsch. Koppelen, déi sech bestuede wëllen, stellen déi am Gesetz virgeschriwwe Formalitéite fir d’Feiere vum Bestiednis oder dem PACS awer ëmmer méi a Fro a wënsche sech eng personaliséiert Feier.

  8. D’Haaptzil vum Pacte logement 2.0 ass et, d’Gemengen als zentrale Partner vun der Regierung an der Entwécklung vun abordabele Wunnengen z’ënnerstëtzen.

  9. Fir d’Gouvernance am Beräich vun der Reduktioun vu Katastroferisikoen ze verstäerken, huet den Inneministère eng national Plattform ageriicht. Déi schreift sech an d'Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen an, méi speziell an den Aktiounskader vu Sendai, deen eng wesentlech Reduktioun vun de Katastroferisikoen zum Zil huet.

  10. D’Warne vun der Populatioun ass en indispensabelt Instrument, dat et de Biergerinnen a Bierger erméiglecht, sech op e previsibelt oder onprevisibelt Evenement virzebereeden an déi nëtzlech an néideg Virsiichtsmoossnamen zur Protectioun vu Persounen a Gidder z‘ergräifen.

  11. D'Gesetz vum 27. Juli 2022 "relatif aux sanctions administratives communales et à l'élargissement des compétences des agents municipaux" huet als Zil, de Gemengenagenten d’Erlabnis ze ginn, fir engersäits Infractioune festzestellen, déi an de generelle Policereglementer festgehale sinn a mat Geldbousse bestrooft ginn, sief et mat administrativen oder strofrechtlechen, a fir anerersäits...

  12. Duerch d’ofgeännert Gesetz vum 23. Dezember 1978 iwwert d’Prioritéits- an Invaliditéitskaarte goufen eng Prioritéitskaart a méi Invaliditéitskaarte geschaf, déi vum Inneminister oder sengem Vertrieder ausgestallt ginn.

  13. D’Entitéite vum Gemengesecteur notzen e Budgetsplang, dee konform ass zum Plan budgétaire normalisé, deen een an der Annexe vum Règlement grand-ducal modifié du 30 juillet 2013 portant exécution de certaines dispositions du Titre 4. - De la comptabilité communale de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 fënnt.

  14. De Plan national d’organisation des secours (PNOS), deen an der Loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile festgehal ass, stellt de Programme directeur duer, deen d’Grondausriichtung a Saachen zivil Sécherheet fixéiert. Dës Ausriichtung ass eng Ambitioun vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS).

  15. D’Gemengefusioune stellen e Mëttel duer, fir ganz konkret Ziler am Intressi vun de Gemengen a vun de Biergerinnen a Bierger ze realiséieren. Wat sinn d’Avantagen, déi eng Fusioun enger Gemeng brénge kann?

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit