Aktualiséiert den
Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt feiert säin éischten Anniversaire a baut seng Offer weider aus
Ee Joer no senger Ouverture mécht den Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt (CNVV) en neie wichtege Schrëtt a sengem Engagement fir Betraffener. Am Kader vu sengem éischten Anniversaire annoncéiert den CNVV, datt seng Offer op eng Disponibilitéit vu 24 Stonnen den Dag an 7 Deeg an der Woch ausgebaut gëtt. Gläichzäiteg gëtt d'Noutruffnummer 20 60 10 60 zu enger nationaler Helpline fir Affer vu Gewalt ausgebaut, déi ronderëm d’Auer accessibel ass.
Den CNVV gouf am Abrëll 2025 vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit a Zesummenaarbecht mam Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, dem Justizministère, dem Inneministère an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert, a gëtt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz geréiert. Den Zenter gouf geschaf, fir den Affer vu Gewalt eng zentral Ulafstell ze bidden, wou si direkt Hëllef a Betreiung kréien. Den Zenter steet alle Persounen op, onofhängeg vun hirem Alter oder Geschlecht, a bitt eng spezialiséiert Begleedung fir all Forme vu Gewalt. Am Laf vum éischte Joer goufen 397 Affer vu kierperlecher, sexueller, psychescher oder anerer Gewalt begleet, wat d’Wichtegkeet vun engem zentrale, mënschlechen a koordinéierte System ënnersträicht.
"Dës Zuele weisen, wéi grouss de Besoin ass. De CNVV erlaabt et de Betraffenen, an hirem eegene Rhythmus an an engem sécheren an neutrale Kader en éischte wichtege Schrëtt ze maachen", erkläert d'Ashanti Berrend, Chargée de direction vum CNVV.
D’Prise en charge am CNVV baséiert op véier komplementare Pilieren – psycho-sozial, medezinesch, juristesch an op Ufro och polizeilech Hëllef – a stäipt sech op e breet Netzwierk vu Partneren, fir eng séier an ugepassten Orientatioun ze garantéieren.
Zanter dem 1. Mee 2026 ass den CNVV ronderëm d’Auer op. Dës wichteg Weiderentwécklung ass duerch eng Verstäerkung vum Team méiglech, dat mat neie Fachkompetenzen erweidert gouf, dorënner Sozialaarbechter, Educateuren, Infirmieren a Psychologen.
Eng national Helpline fir Affer vu Gewalt mat der eenzeger Telefonsnummer 20 60 10 60 ass elo permanent accessibel. Si bitt en oppent Ouer, Informatioun an Orientatioun fir Betraffener an och fir hiert Ëmfeld. Dat ganzt Team huet eng spezifesch Formatioun bei SOS Détresse gemaach, fir eng professionell, ugepassten an empathesch Gestioun vun den Uriff ze garantéieren.
Zousätzlech gëtt, an Zesummenaarbecht mam Justizministère, eng gratis juristesch Hëllef ugebueden, mat enger Offer u juristesche Consultatiounen eemol d'Woch. Dës Entwécklungen ënnersträichen eng kloer Ambitioun: keen Affer vu Gewalt eleng ze loossen an den nationale System fir d’Betreiung nohalteg ze stäerken, duerch eng maximal Accessibilitéit an eng qualitativ héichwäerteg Begleedung.
"Virun engem Joer hat ech ugekënnegt, datt mir den CNVV als Pilotprojet lancéieren an dës Struktur progressiv ausbauen, eis Offer erweideren an d'Team verstäerken. Ech freeë mech, haut kënnen ze soen, datt mir dëse Plang ëmgesat hunn a weider dorunner schaffen", erkläert d'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, op der Pressekonferenz. "Mat engem CNVV, deen elo 24 Stonnen den Dag a 7 Deeg an der Woch accessibel ass, maache mir e wichtege Schrëtt, fir all Affer vu Gewalt en direkten Zougang zu enger globaler, mënschlecher a professioneller Prise en charge ze garantéieren. Eise Message ass kloer: Dir sidd net eleng, a kënnt zu all Moment Hëllef kréien."
"An engem Joer huet den CNVV d'Betreiung vun Affer vu Gewalt konkret verbessert. Do, wou d’Parcoursen virdrun dacks fragmentéiert waren, hu mir elo eng méi koordinéiert an effizient Approche, déi och déi medezinesch-forensesch Dimensioun integréiert. Duerch enger besser Zesummenaarbecht mat Noutdéngschter a Spideeler kréien déi Betraffen elo eng méi strukturéiert an ugepasste Begleedung", erkläert d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.
"Am Kampf géint Gewalt besteet eis Verantwortung net nëmmen doran, konsequent géint Täter virzegoen, mee och doran, den Affer konkret an einfach zougänglech Hëllef ze bidden – och am juristesche Beräich. Déi gratis juristesch Begleedung am CNVV, mat Ënnerstëtzung vum Barreau a finanzéiert vum Staat, souwéi d’Weiderentwécklung vum legale Kader am Ëmgang mat neie Forme vu Gewalt, besonnesch Cybergewalt, stäerken de Schutz vun den Affer", erkläert d'Elisabeth Margue, Justizministesch.
"Hëllef zu all Moment accessibel ze maachen heescht, all Betraffenen ze weisen, datt si ni eleng sinn", betount de Léon Gloden, Inneminister. "Keen soll Gewalt erliewe mussen. Gewalt huet keng Plaz an eiser Gesellschaft, an et däerf een net ewech kucken." Hien erënnert och drun, datt d'Police speziell forméiert a sensibiliséiert ass, fir den Affer déi néideg Ënnerstëtzung ze bidden.
Praktesch Informatiounen:
Adress: 3A, Val Ste Croix, L-1371 LuxembourgHelpline fir d'Affer vu Gewalt: 20 60 10 60
Tram/Bus: Stäreplaz – Étoile
Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit / Justizministère / Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet / Inneministère