MyGuichet.lu zentraliséiert elo Gemengerechnungen

Alldeeglech administrativ Demarchë vereinfachen: dat ass d'Zil vun der neier Fonctionnalitéit, déi op der gesécherter Plattform MyGuichet.lu lancéiert gouf. Dës nei Fonctionnalitéit kann iwwer d'Säit guichet.lu/factures-communales aktivéiert ginn. D'Biergerinnen a Bierger kënnen elo all hir Gemengerechnunge vun deene leschte fënnef Joer an engem eenzegen, iwwersiichtlechen a gesécherte Portal consultéieren.

Eng erweidert Offer u Servicer déi den Alldag ze vereinfachen

Zënter dem 9. Februar bitt d'Plattform MyGuichet.lu en neie Service un, deen et de Biergerinnen a Bierger erméiglecht, all hir Gemengerechnungen aus de leschte fënnef Joer op enger Plaz ze consultéieren.

Dëse Service gouf zesumme mam Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI), der Stad Lëtzebuerg an dem Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) entwéckelt, an entsprécht engem konkrete Besoin: eng kloer an zentraliséiert Iwwersiicht iwwer seng Gemengerechnunge kréien, och am Fall vun engem Ëmzuch oder wann ee mat verschiddene Gemengen a Kontakt steet. D’Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung, erkläert: "MyGuichet.lu ass eng Plattform fir den Austausch tëscht den Administratiounen an de Bierger, déi vum CTIE geréiert gëtt an déi et elo erméiglecht, Gemengerechnungen iwwer eDelivery ze kréien."

Een zentraliséierten, iwwersiichtlechen a gesécherten Accès

Mat dësem neie Service kënnen d’Biergerinnen a Bierger elo ganz einfach hir Gemengerechnunge consultéieren, ouni tëscht verschiddene Systemer oder Plattforme wiesselen ze mussen.

D'Rechnungen, déi iwwer d'Gemengesystemer verschéckt ginn, sinn direkt op MyGuichet.lu accessibel a bidden eng fléissend Benotzererfarung an engem digitalen Ëmfeld, dat scho vill genotzt gëtt. De Philippe Meyers, President vum SIGI, ergänzt: "Fir all betraffe Partner, ass et e grousse Succès, de Biergerinnen a Bierger vun alle Gemengen am Land en eenheetleche Service op der selwechter Plattform ubidden ze kënne, wéi déi déi fir staatlech Demarchë benotzt gëtt. Dat weist souwuel déi technesch Capacitéit wéi och de politesche Wëlle fir zesummen un der administrativer Vereinfachung am Sënn vum Bierger ze schaffen. Déi lescht Zuele vun eisen 99 Partner-Gemenge weisen däitlech den Interessi vun de Biergerinnen a Bierger fir einfach, accessibel a sécher Léisungen, a motivéieren eis op dësem Wee weiderzemaachen. D'Notzung vun dësem Service wiisst kontinuéierlech: aktuell ziele mir schonn 8.908 Adhesiounen un dës nei Fonctionnalitéit."

E Service fir jiddereen

Dës Erweiderung riicht sech un all Resident, mee och un net-Residenten, déi a Kontakt mat mindestens enger Lëtzebuerger Gemeng stinn.

Si betrëfft sämtlech Gemengenadministratiounen, an ënnersträicht de gemeinsame Wëlle vun de bedeelegte Partner, fir landeswäit e kohärenten an eenheetlechen digitalen Déngscht unzebidden. De Patrick Goldschmidt, Schäffe bei der Stad Lëtzebuerg, erkläert: "Mat der Aféierung vun dëser neier Fonctionnalitéit iwwert MyGuichet.lu, stäerkt d'Stad Lëtzebuerg säin "Smart City"-Usaz fir vereinfacht an accessibel Déngschtleeschtungen. Dës nei Funktioun ergänzt déi Offer, déi elo schonns op e-services.vdl.lu ugebuede ginn, an ënnersträicht eise kontinuéierlechen Engagement fir d'Digitaliséierung am Sënn vun eise Bierger."

Eng Zesummenaarbecht am Déngscht vun der Innovatioun op ëffentlechem Niveau

Dëse Projet illustréiert d'Capacitéit vun den ëffentlechen Acteure gemeinsam ze innovéieren, fir konkreet digital Servicer unzebidden, déi an engems sënnvoll a benotzerorientéiert sinn. De Serge Hoffmann, Vizepresident vum Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol), ënnersträicht: "Am Numm vum Syvicol, gratuléieren ech alle bedeelegten Acteure fir d'Ëmsetzung vun dësem Projet, duerch deen déi 100 Gemengen am Land de Biergerinnen a Bierger op einfachstem Wee Rechnungen zoukomme loosse kënnen. Dëst ass eng wichteg Etapp an der Digitaliséierung an administrativer Vereinfachung. Sou gëtt d'Erstelle vu Rechnunge méi einfach a manner zäitopwenneg."

En éischte Schrëtt op nei Servicer hin

D'Aféierung vun dëser Fonctionnalitéit markéiert eng nei Etapp an der Entwécklung vun digitale Gemengeservicer. Weider Servicer wäerten d'Offer op MyGuichet.lu an deenen nächste Méint ergänzen.

Den Inneminister Léon Gloden, betount ofschléissend: "2026 ass d'Joer vun de Gemengen. Mir hu rezent d'Initiativ COSMOS fir Gemengen, Syndikater, Ministèren an Offices sociaux lancéiert, eng Plattform, déi an Zukunft den Austausch tëscht dem Staat an de Gemenge stäerken a vereinfache soll. Mat der zentraliséierter Consultatioun vun de Gemengerechnungen op MyGuichet.lu gouf e wichtege Schrëtt am Sënn vun der administrativer Vereinfachung fir d'Biergerinnen a Bierger ënnerholl."

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung, vum Ministère fir bannenzeg Ugeleeënheeten, vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (Sigi), vun der Stad Lëtzebuerg a vum Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol)