Aktualiséiert den
CERI: Vigilance rouge fir e Mëttwoch, 2. Juli 2025
D'Cellue d'évaluation du risque intempéries et inondations (CERI) koum am spéide Virmëtteg fir eng Analys vun der meteorologescher Situatioun zesummen, déi MeteoLux fir den 2. Juli erausginn huet.
De Wiederprevisiounen no, déi Maximaltemperaturen tëscht 35 an 38 Grad virausgesinn, gëllt eng Vigilance rouge tëscht 12:00 an 20:00 Auer fir de Süde vum Land an déi urban Zonen.
Mat der Erhéijung vun der Vigilance, erënnert d'CERI nach eemol un d'Verhalensreegele fir d'Hëtzt besser ze verdroen:
- Drénkt vill a reegelméisseg Waasser iwwert de ganzen Dag verdeelt (1,5 l Waasser pro Dag).
- Vermeit et Iech dobaussen opzehalen (längeren an direkten Openthalt an der Sonn) wärend de wäermsten Auerzäiten (11:00 bis 21:00).
- Maacht daagsiwwer d'Rolllueden, Riddoen a Fënsteren zou a lëft an der Nuecht.
- Bedeckt Äre Kapp wann Dir erausgitt.
- Ditt liicht Kleeder un.
- Limitéiert physesch Aktivitéiten.
- Benotzt e Ventilator/eng Klimaanlag fir Iech ofzekillen.
- Haalt Iech op frëschen oder klimatiséierte Plazen op (Akafszenteren, Kino, ...).
- Fiicht Äre Kierper e puer Mol den Dag un (Waasserspray, Dusch, etc.).
- Bleift mat sensibelen a vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld am reegelméissege Kontakt. Begleet si op kill Plazen.
De CERI kënnt am Virmëtteg vum 2. Juli nees zesumme fir d'Situatioun nei ze evaluéieren an entspriechend ze kommunizéieren.
Communiqué vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet / Inneministère / Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend / Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil / Aarbechtsministère / Aarbechtsinspektioun / MeteoLux / Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS)