Rappel vun de richtege Gesten am Fall vun engem schwéieren Accident a "Seveso"-Betriber

Den 10 Juli 1976, viru genau 48 Joer, gouf et an enger Chimiesfabrick an Norditalien net wäit vun der Stad Seveso e schwéieren Accident. Déi gëfteg Substanzen déi dobäi ausgetruede sinn hu schwéier Schied verursaacht. Fir ze verhënneren dass esou Accidenter an Zukunft passéieren a méiglech Schied ze minimiséieren, hunn d'EU-Memberstaaten eng gemeinsam Politik fir d'Vermeidung vu groussen industrielle Risiken ausgeschafft, déi a spéideren EU-Direktive konkreet ëmgesat goufen. An deem Kader goufen notamment d'Direktive Seveso-I (1982), Seveso-II (2003), a Seveso-III (2012) an d'Lëtzebuerger Recht iwwerschriwwen.

©MAINT Seveso - Les 3 étapes à respecter en cas d'accident
Seveso - Les 3 étapes à respecter en cas d'accident

An deem Kontext gesäit d'Seveso III-Direktiv vir, dass Industrieanlage mat héijem Risiko fir schwéier Accidenter identifizéiert ginn. Dës sougenannten "Seveso-Sitten" mussen erfaasst ginn an ënnerleien enger verstäerkter Iwwerwaachung. Zu Lëtzebuerg ginn et zurzäit 16 Betriber, déi als Seveso-Sitten agestuuft ginn.

Am Fall vun engem gréisseren Accident a sou enger Anlag, musst Dir déi follgend 3 Gesten anhalen:

  1. Schutz sichen: Haalt Iech net dobaussen op. Bréngt Iech am nächste Gebai a Sécherheet a bleift bis zur Entwarnung op der Plaz.
  2. Alles ofdichten: Maacht d'Dieren a Fënsteren zou, schalt d'Lëftungsanlagen of an haalt Iech vun den Ausgäng ewech.
  3. Informéiert bleiwen: Lauschtert de Radio an informéiert Iech op den Internetsäite vun den ëffentlechen Instanzen. Rufft just bei Noutfäll den 112 un, fir d'Leitungen net onnéideg ze iwwerlaaschten.

Weider Informatioune fannt Dir op www.seveso.lu

Aktualiséiert